"Venice TV Award" "Take Off“ gewënnt renomméierten Tëlee-Präis

Tom Nols
D'Emissioun fir Jonker, an där sech alles ëm d'Wëssenschaften dréint, ass an Italien präméiert ginn.
De Joseph Rodesch an den Olivier Catani an Aktioun bei "Take Off".
De Joseph Rodesch an den Olivier Catani an Aktioun bei "Take Off".
© Emmanuel Claude / Freelens

Zu Venedeg si viru Kuerzem d'Gewënner vun de Venice TV Awards bekannt gemaach ginn. Ee vun de Präisser ass un d'"Take Off The Science Challenge Show" gaangen. D'Emissioun fir Jonker, déi sech ëm d'Wëssenschaften dréint, huet an der Kategorie "Cross Platform" den éischte Präis gewonnen.

Déi Responsabel vun "Take Off" freeë sech iwwer déi international Auszeechnung.

"Mr. Science" Joseph Rodesch vum FNR: Wat bedeit dëse Präis a firwat ass en esou wichteg, besonnesch fir d’Wëssenschaft?

Mir hätten ni geduecht, dass eng lëtzebuergesch Wëssenschaftssendung internationale Buzz ka maachen! 🤩

Wat eis besonnesch houfreg mécht, ass, datt mir vun enger Jury aus der Tëleeswelt ausgezeechent goufen – an net vu Wëssenschaftler. Fir eis weist dat, datt mir och Leit erreeche kënnen, déi net onbedéngt Wëssenschaftsfreaks sinn. An dat ass jo genee dat, wat mir ëmmer wollten: Wëssenschaft esou spannend an ënnerhalend maachen, datt mir e méiglechst breede Public domat erreechen!

Mir si souuu frou iwwer dës Unerkennung! An och doriwwer, wat fir e Motivatiounsschub dëse Präis eisem ganzen Team gëtt! 😊

Hannert de Kulisse vun "Take Off".
Hannert de Kulisse vun "Take Off".
© Freelens (Emmanuel Claude)

E Bléck hannert d’Kulisse vun der Produktioun mam Yann Figuet, Direkter vu Freelens

Produire Take Off au Luxembourg et voir l'émission honorée du "Best Cross-Platform Program" du Venice TV Award est la preuve qu’un savoir-faire local, porté par des professionnels passionnés, peut atteindre les plus hauts standards internationaux.

Depuis quatre saisons, FreeLens relève un défi de production inédit au Luxembourg, en déployant des moyens humains, techniques et créatifs d’une ampleur sans précédent pour une émission de ce type.

Take Off, c’est aussi un véritable travail de recherche et développement, avec des mécaniques de jeu et des solutions techniques imaginés, développés et produits localement.

Cette reconnaissance met à l’honneur plus de 50 professionnels de l’audiovisuel qui contribuent à cette aventure, mais aussi tout un écosystème de partenaires qui collaborent ensemble depuis le début.

C’est une formidable reconnaissance pour notre équipe, pour FreeLens et pour le « Made in Luxembourg », qui démontre une fois de plus sa capacité à rayonner à l’international.

Wärend den Opnamen an der Produktioun vun "Take Off".
Wärend den Opnamen an der Produktioun vun "Take Off".
© Freelens (Emmanuel Claude)

D’Bedeitung vum Projet a wéi een domat besonnesch déi jonk Generatioun erreeche kann

Daniela Ragni, CEO vun der André Losch Fondatioun: Take Off weist, wat méiglech ass, wann ee Jonke Vertraue schenkt an hinnen eng Bün gëtt. Dëse Präis ass eng Unerkennung fir déi héich Qualitéit vun der Emissioun, mee virun allem fir all déi Jonk, déi hire Courage, hir Talenter an hiert Potenzial gewisen hunn an dobäi iwwer sech erausgewuess sinn.

D'Ekipp vun "Take Off" huet all Grond ze laachen.
D'Ekipp vun "Take Off" huet all Grond ze laachen: Lucie Zeches, Olivier Catani a Joseph Rodesch.
© Freelens (Emmanuel Claude)

Kuckt HEI nach emol all d'Episode vun "Take Off"!

Back to Top
CIM LOGO