Hei am Land gëtt et zanter bësse méi wéi 35 Joer d’natur&ëmwelt Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng.
Do gi blesséiert Déieren opgeholl, gesond gefleegt an duerno nees an d’Natur fräigelooss. Mëttlerweil këmmere si sech ëm 3.600 bis 3.800 Déieren d’Joer. Een Ausbau war dofir dréngend néideg a war och scho laang an der Diskussioun. An e puer Etappe ginn elo nei Volierë gebaut, déi vun enger hollännescher Firma zesummegesat ginn.
Den Alldagsbetrib geet parallel virun. Och wann et emol Méint ginn, an deenen et méi roueg an der Fleegestatioun ass, gehéiert de Juni net dozou. Et ass déi Zäit, an där déi meescht jonk Villercher erakommen an déi brauche besonnesch vill Fleeg. Wa se ganz kleng sinn, musse verschiddener all 30 Minutte gefiddert ginn. Mat der Zäit gëtt den Ofstand tëscht dem Fidderen nees méi laang.
Mëttlerweil schaffen 18 Leit mat engem CDI, e puer Mataarbechter mat hallef Tâchen an eng 60 Benevoller um Site, fir sech dat ganzt Joer ëm d’Déieren ze këmmeren. 1988 huet de Jean François d’Opfangstatioun gegrënnt. Den Ufank war kleng an a privater Hand an huet just mat Benevolle fonctionéiert. Ganz séier ass et awer ëmmer méi grouss ginn. Am Ufank waren et ronn 170 Déieren d’Joer, elo sinn et der bis zu 3.800.
Virun 3 Joer ass zum Beispill och de Wëll-Déier-Drop-Off dobäi komm. Op dräi Plazen am Land kënnen Déieren hibruecht ginn, déi dann op Diddeleng kommen, fir versuergt ze ginn. Domadder deckt een eng méi grouss Fläch of. Dat heescht awer och méi Patienten. 600 bis 800 Déieren d’Joer kommen eleng duerch d’Drop-Offen eran.
Zousätzlech sinn iwwer déi lescht Joren och nei Erausfuerderungen dobäi komm. Am natur&ëmwelt centre de soins pour la faune sauvage ginn awer och exotesch Hausdéieren opgeholl. Deckelsmouken, Sangvillecher oder Schlaange gi reegelméisseg fonnt. Och fir déi Déiere brauch ee méi Plaz, zemools well hiren Openthalt dacks méi laang ka sinn, wéi déi vun hire wëlle Pendanten. Exotesch Hausdéiere kënnen net nees an d’Natur gelooss ginn, dofir muss een en Zoo, e Park oder Leit fannen, déi dës Déieren adoptéieren.
Eng ganz Partie nei Volierë sinn och scho fäerdeg a kënne genotzt ginn. Nach zwee Joer soll de Chantier undaueren. Finanzéiert gëtt alles duerch Spenden, mat Hëllef vun der Gemeng Diddeleng an duerch Subside vum Ëmwelt - a Landwirtschaftsministère.