
Ugefaangen hat de Sträit, dee kuerz drop eskaléiert ass, wéi e 66 Joer ale Mann mat sengem Hond e Méindeg den Owend am Mainzer Staddeel Hechtsheim ënnerwee war. En 42 Joer ale Mann hat den eeleren Här dunn ugeschwat, well hie sech vun deem senge Blécker provozéiert gefillt huet.
Séier ass dunn d’Thema opkommen, datt den Hondsbesëtzer d’Exkrementer vu sengem Déier net opgeraf an ewechgehäit hätt. D’Gespréich huet sech zu engem Sträit entwéckelt an dësen ass dunn eskaléiert, wéi béid Männer uneneegeroden an d’Fäischt geflu sinn. Béid Männer koumen a verschidde Spideeler, fir hei medezinesch behandelt an ënnersicht ze ginn. Allen zwee hunn da géint deen aneren och eng Plainte gemaach, dat wéinst Beleidegungen a Kierperverletzung.