
Den ëmstriddene Fuerschungsprojet ass fir d’éischt mol gestoppt, sou d’Fuerscher e Mëttwoch. Déi genee Ëmstänn vum Accident sollen elo mol ënnersicht ginn.
Fir de Projet vum Fuerschungsinstitut vun der norwegescher Arméisectioun FFI ginn zanter 2021 all Summer Minkwaler virun der norwegescher Inselgrupp, de Lofoten, gefaangen. D’Wëssenschaftler maache Lauschter-Tester mat hinnen, ier se nees fräigelooss ginn. De Projet ass am Kader vun der Kooperatioun mat der “National Marine Mammal"-Stëftung an den USA.
Mat den Experimenter wëllen d’Fuerscher eegenen Aussoen no erausfannen, wéi vill dee vu Mënsche gemaachte Kaméidi an den Ozeaner begrenzt muss ginn. E puer Déiereschützer a Wëssenschaftler hunn de Projet awer schonn am Virfeld als geféierlech bezeechent.
Der FFI no ass dat schlecht Wieder Schold um Accident an der Nuecht vum 2. op den 3. Juni. Doduerch wieren d’Apparater an der Testanlag beschiedegt ginn an d’Ofspärnetz wier lassgaangen. De Projet gëtt elo esou laang op Äis geluecht, bis d’Ëmstänn am Detail gekläert sinn an alles gefléckt wier, sou de Chef vum Projet Petter Kvadsheim. Hien hofft, dass een an den nächsten Deeg nees schaffe kann.
“Eist Zil ass et, d’Déiere virum schiedlechen, vun de Mënsche verursaachte Kaméidi ze beschützen”, sou de Kvadsheim, “a mir wäerte weider dru schaffen.” Hien huet awer och zouginn, dass esou Tester nach ni virdru gemaach goufen an ëmmer “onerwaart Faiten” antriede kënnen. Fir den Ofschloss vum Fuerschungsprojet ginn och just eng “Handvoll Waler” gebraucht.
“Mir hate gewarnt, dass déi grausam a sënnlos Experimenter dozou féieren, dass Waler stierwen”, seet d’Danny Groves vun der Gesellschaft zum Schutz vu Waler an Delfinen (WDC). “Kee Wal sollt mat Gewalt an e Käfeg gespaart ginn an Elektroden ënnert d’Haut geplanzt kréien. Dës Experimenter sollten op Dauer gestoppt ginn.”
2021 hate 50 international Wëssenschaftler an engem Bréif un d’norwegesch Regierung géint d’Experimenter protestéiert.