
Déi éischt Deeg no der Gebuert si fir kleng Äisbieren immens kritesch, si komme bal plakeg, blann an daf op d’Welt. Fir den Déierepark zu Hamburg ass dee Klenge schonn aus der zweeter Generatioun an e Beweis dofir, dass hir Beméiungen an der Zuucht ëm dës menacéiert Déierenaart sech bezuelt maachen, sou den Zoologeschen Direkter Guido Westhoff.
De leschten Äisbiere-Baby war d’Mamm selwer. D’Victoria koum 2002 op d’Welt an ass deemno lo am Dezember fir d’éischte Kéier Mamm ginn. Si këmmert sech “virsuerglech a mat vill Léift” ëm hiren Nowuess, heescht et weider.
Déi éischt Méint ware si wéi gesot komplett verstoppt an ongestéiert an hirer Hiel. En éischte Bléck hätt een awer scho kënnen op dee Klenge geheien, d’Mamm wier och ganz entspaant gewiescht bei hirem éischte mënschleche Besuch duerch Fleeger. De klengen Äisbier géif gesond a monter wierken.
Fir dass Mamm a Kand am Fräilaf méi Plaz hunn, muss de Papp, den Äisbier-Mann Kap, allerdéngs temporär plënneren, respektiv den Zoo wiesselen.
Wéini déi éischt Visiteuren den Äisbier-Nowuess kënne bewonneren, ass nach onkloer. An den nächsten Deeg soll e Bildschierm dëst awer mol méiglech maachen, sou dass een op d’mannst de Banneberäich vun der Anlag observéiere kann.