
D’Aye-Aye, och “Fangerdéier” genannt, gehéiert zu der Aart vun de Lemuren, stécht awer virun allem mat sengem Mëttelfanger eraus. Ma mat senge laange Griffele fänk den Aye-Aye net just Mueden aus dem Holz: D’Déiere benotzten hir Fangeren och, fir extreem déif an der Nues ze wullen, wéi eng Etüd vun der Fuerscherin Anne-Claire Fabre vun der Uni Bern an hirer Ekipp weist.
D’Fanger vum Aye-Aye huele 65 Prozent vun der gesamter Handlängt an a maache 40 Prozent vun de viischte Glidder aus. A wéi d’Fuerscherin Fabre an hiert Team nokucken a filme konnten, kann d’Déier seng Fanger zum gréissten Deel an d’Nues drécken. Bis zu 8 Zentimeter vum Fanger verschwannen an der Nues vun der Lemuren-Aart, woumat d’Déiere bal d’Récksäit vun der Schléck erreechen, ouni datt si dobäi gierksen oder aner Kierperreaktioune weisen.
Ma net just d’Nueswullen erënnert un de Mënsch... wann d’Aye-Ayen hire Fanger nees erauszéien, lecke si en of. Aus wéi engem Grond si dat maachen, ass zwar nach net gewosst, ma et kéint sinn, datt d’Déieren domat änlech wéi Mënschen de verdréchente Schläim ewech maache wëllen oder... et gefält hinnen einfach.
Wéi een Impakt dat fir d’Déieren huet, ass nach net genee gewosst. Enger Partie Etüden no solle Bakterië vun der Schläimhaut positiv Suitten am Mond hunn, aner Etüden deiten un, datt domat geféierlech Erreeger verbreet kéinte ginn.
D’Ekipp ronderëm d’Anne-Claire Fabre huet d’Verhale vun de “Fangerdéieren” mat aneren Aarte verglach, bei deenen nogewise gouf, datt dës och an der Nues wullen. Net iwwerraschend kënnt et virun allem bei Déiere vir, déi mat hire Fanger geschéckt Objete gräifen a manipuléiere kënnen. Deemno kéint et e Phenomeen sinn, dee virun allem bei Mënschen an Aarte virkënnt, déi enk mat eis Famill sinn.
Ma de laange Fanger vun den Aye-Ayen ass net ëmmer eppes positives. A verschidde Regioune vu Madagaskar gëlle si als Buet vum Doud: Mënschen, op déi d’Déier weist, musse stierwen. Duerch dësen Awerglawe gi vill “Fangerdéieren” direkt ëmbruecht, wa se entdeckt ginn. An aneren Deeler vun der Insel gëllen d’Aye-Ayen als Glécksbrénger. Wéinst der Juegd op d’Déier an dem Ofholze vun de Bëscher gëllt d’Aart als menacéiert.
