Etüd beleetOch Muppe kënne vu Freed kräischen

RTL Lëtzebuerg
Et ass en emotionale Moment, wa sech Hond a Meeschter no enger Zäit erëmgesinn. D'Freed kann esou grouss sinn, dass de Véierbeener Tréinen an d'Ae kritt.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/JOHN MOORE

Net nëmme Mënsche kräische vu Freed, wa si Famill oder Frënn no laanger Zäit erëmgesinn, ma och hir Hausdéiere reagéiere ganz emotional. Zu dësem Constat komme Fuerscher aus Japan, déi e Méindeg eng Etüd doriwwer am Fachmagasinn “Current Biology” verëffentlecht hunn.

Aus fréiere Beobachtunge wossten d’Wëssenschaftler ronderëm de Japaner Takefumi Kikusui schonn, dass bei Interaktioune souwuel beim Mupp wéi och beim Mënsch Oxytocin fräigesat gëtt. Am Kader vun dëser Etüd wollte si elo erausfannen, ob och Hënn vu Freed kräische kënnen.

Fir dëst erauszefannen, hunn d’Wëssenschaftler d’Tréine-Flëssegkeet bei de Muppe gemooss. Als Grondwäert gouf d’Tréine-Produktioun bei engem normalen Ëmgang tëscht Hond a Meeschter geholl. Wéi allebéid no enger fënnef bis siwe Stonne laanger Trennung nees vereent goufen, gouf eng erhéichten Tréine-Produktioun gemooss. Donieft gouf festgestallt, dass d’Déier manner Tréine produzéiert, wann et sech ëm eng Persoun handelt, déi net den Hondsmeeschter ass.

“Mir hu festgestallt, dass Hënn Tréine vergéissen, déi mat positiven Emotioune verbonne sinn”, sou de Fuerscher Takefumi Kikusui vun der Azabu University a Japan. Eng wichteg Roll soll dobäi den Hormon Oxytocin spillen, och bekannt als sougenannten “Kuschelhormon”.

Back to Top
CIM LOGO