
D’Police an der rheinland-pfälzescher Stad sicht elo no Zeien.
En Dënschdeg den Owend hat d’Famill hire verstuerwenen Hamster an eng hëlze Këscht gepaakt an op de Balcon um ënneschte Stack vun engem Appartementshaus geluecht. Den aneren Dag sollt de klenge Familljemember begruewe ginn.
Esou wäit wäert et awer lo net kommen.
D’Mamm hätt Geräischer héieren a wéi si op de Balcon kucke gaange wier, wieren zwee Onbekannter mat der klenger Këscht am Grapp, wou eben den doudegen Hamster vun hirer Duechter dra war, fortgelaf.
D’Police huet vun engem “immens komesche Virfall” geschwat a sichen deemno och no Zeien.