Benevoller vun natur&ëmwelt riichten op verschiddene Plazen Zénk op, fir dës kleng Déiere virum sécheren Doud ze schützen. Temperaturen tëscht 5 an 10 Grad a Fisemreen sinn ideal, fir dass d'Mouke sech op Wanderschaft maachen. Déi Benevole sinn dacks stonnelaang ënnerwee, fir d'Mouken anzesammelen. Munchmol fënnt een der eng ganz Partie, aner Kéiere bleift den Eemer eidel. Déi agesammelt Déiere ginn da reegelméisseg bei engem Weier ausgesat.
Vu Mëtt Februar bis Mëtt Abrëll ginn d'Mouken nees op Wanderschaft