IndonesienOrang-Utan heelt sech selwer mat Planz

RTL Lëtzebuerg
Fir déi éischte Kéier iwwerhaapt hu Wëssenschaftler en Orang-Utan dobäi observéiert, wéi en eng Blessur am Gesiicht mat enger Planz selwer traitéiert.
© SUAQ Foundation/AFP/-

De männlechen Orang-Utan mam Numm “Rakus” gouf 2022 vu Wëssenschaftler vum Max-Planck-Institut an engem geschützte Reebëschgebitt op der indoneesescher Insel Sumatra observéiert, heescht et an enger Etüd vum wësseschaftleche Fachmagasinn “Scientific Reports”. Hie soll Blieder vun der Kloterplanz Fibraurea tinctoria als éischt geknat hunn, ouni se ofzeschlécken an de Jus vun dësen op d’Wonn opgedroen hunn. D’Wonn war doropshi bannent 5 Deeg zou an no engem Mount komplett verheelt, ouni Unzeeche vun enger Infektioun.

Et wier de Wëssenschaftler no den “éischte systematesch dokumentéierte Fall vun engem Traitement vun enger Wonn duerch e wëllt Déier mat enger Planze-Spezies, déi bekannt dofir ass, biologesch aktiv Substanzen z’enthalen”.

Et géif sech net mat honnertprozenteger Sécherheet soe loossen, ob dem Rakus säi Verhalen express war, ma de Fait, datt hien de Jus vun der Planz widderhuelt op d’Wonn opgedroen huet, géif staark dorobber hindeiten, esou d’Wëssenschaftler.

Orang-Utane si bekannt dofir, Fäegkeete vuneneen duerch Observatioun ze léieren, ma e vergläichbaart Verhale gouf an deene leschten 21 Joer an 28.000 Stonnen Observatioun an der Géigend net festgestallt, heescht et am Rapport.

Back to Top
CIM LOGO