
Den Orca “Inouk” ass der Parkverwaltung no un enger Entzündung am Daarm gestuerwen, déi duerch ee klengt Metallstéck ausgeléist gi wier. Éischt Resultater vun enger Autopsie hätte gewisen, datt de 25 Joer ale Wal “net express” ee ronn zwee Gramm schwéiert Stéck Metall verschléckt gehat hätt. Wéi d’Metallstéck an dem Inouk säi System koum, ass nach net gekläert. De Fräizäitpark steet ënner Kritik, nodeems am Oktober schonn dem Inouk säin 12 Joer alen Neveu Moana un enger Bluttvergëftung gestuerwe war.
Ee Gesetz géint Déierequälerei verbitt vun 2026 u Wal-Shows a Frankräich an och d’Méiglechkeeten, d’Waler a Captivitéit ze halen, solle reduzéiert ginn. D’Orcas am Marineland Antibes sinn deemno déi lescht, déi a Frankräich nach a Gefaangenschaft liewen.
Nodeems fir d’éischt de Moana an elo och den Inouk gestuerwe sinn, bleiwen dem Park nach dat 22 Joer alt Wikie an hiren 10 Joer ale Jong Keijo, dem Moana säi Brudder.