Rettungsaktioun gescheitertOrca op Plage zu De Panne (B) gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass e Schwäertwal op der Plage vun De Panne gestrant. D'Garde-côtes hunn nach probéiert, de Wal an d'Mier ze bréngen. Dat awer ouni Succès.
© Nicola Maeterlinck / Belga / AFP

E Sonndeg war opmierksame Bierger e sechs Meter laangen Orca tëscht dem belsche Koksijde an De Panne un der Nordséi opgefall. Datt e “Killerwal”, wéi d’Orcaen nach genannt ginn, an där Géigend gesi gëtt, ass immens rar. D’Déier soll wuel mat der Flut komm sinn an am Nomëtteg op der Plage vun der Vakanzendestinatioun De Panne gestrant sinn.

Versich den Orca mat engem Rettungsboot ze motivéieren, rëm an d’Mier ze schwammen, hate kee Succès.

Firwat de Schwäertwal esou no un d’Küst komm ass, ass bis ewell net bekannt. Aussoe vum Kinnekleche Belschen Institut fir Naturwëssenschaften no hätt den Orca immens moer ausgesinn, wat op e schlechte Gesondheetszoustand hiweise kéint, wéi déi belsch Noriichtenagence Belga matdeelt. Et wieren awer keng äusserlech Blessuren oder Bréch festgestallt ginn. Eng Autopsie vum Déier soll e Méindeg gemaach ginn.

Orcae sinn an der südlecher Nordséi eigentlech relativ aussergewéinlech. 1850 wier schonn eng Kéier e Schwäertwal op enger belscher Plage gestrant. D’lescht Joer am Oktober war schonn een un der hollännescher Nordséiküst gestuerwen.

© Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO