
Um Donneschdeg de Mëtteg huet d’Panda-Damm Meng Meng bannent enger Stonn hir zwee Bëbeeën op d’Welt bruecht. Déi Zwee si monter a gi vun hirer Mamm an enger ganzer Ekipp gutt versuergt, wéi et aus dem Berliner Zoo heescht. Si maachen alles, fir dass d’Jongdéieren iwwerliewen. Déi éischt Deeg no der Gebuert sinn nämlech ëmmer besonnesch kritesch.