
Si haten iwwer 30 lieweg Déieren an hire Sacochen a sinn esou an de Fliger vu Bangkok a Richtung Taiwan klamme gelooss ginn. Nieft 28 nach klengen Deckelsmouken waren och zwee Otter-Bëbeeën an e Murmeldéier dran. Eréischt bei der Landung zu Taipeh goufen d’Déiereschmuggler gestoppt an hir “Wuer” séchergestallt.
Opgeflunn ass dat Ganzt awer nëmmen, well e puer Déieren am Fliger entwutscht an an der Kabinn vun der Maschinn ronderëm gekroch sinn.
De Mataarbechter vum thailännesche Fluchhafen huet déi presuméiert Schmuggler awer net bewosst duerchgelooss. De Suvarnabhumi-Fluchhafen zu Bangkok huet de Virfall op mënschlecht Versoen zeréckgeféiert. “Mir hunn de Video vun den Iwwerwaachungskameraen ausgewäert a festgestallt, dass et sech bei de Schmuggler ëm zwee Auslänner handelt, bei deenen d’Gepäck mat engem Röntgenapparat gescannt gouf”, heescht et vum Fluchhafen en Donneschdeg den Owend. E Mataarbechter war mësstrauesch ginn an huet engem Kolleeg den Optrag ginn, d’Handgepäck méi genee ze kucken. Dat wier um Enn awer net geschitt an d’Passagéier sinn ouni Problem an de Fliger geklommen.
Dee Mataarbechter, dee sech d’Zäit net geholl hat, fir d’Sacochen nach emol extra ze checken, ass suspendéiert ginn. Géint déi zwee presuméiert Déiereschmuggler gëtt iwwerdeems ermëttelt.
Thailand ass e wichtegt Dréikräiz beim Schmuggel mat wëllen Déieren. Vill Déiere komme vun do aus op grouss Mäert wéi Vietnam a China.
