Japaneschen ZooPinguinen an Ottere protestéiere géint méi bëllegt Fudder

RTL Lëtzebuerg
Am Hakone-en-Aquarium sinn d'Awunner den Ament an engem Hongerstreik. De Grond: si sinn net zefridde mat hirem Iessen.

Net just Kanner, ma och Déiere kënne wieleresch beim Iesse sinn. Dat weise Pinguinen an Otteren an engem japaneschen Aquarium. Normalerweis stinn op hirem Menü japanesch “Stöcker”. Neierdéngs kréie si normal Makréilen zerwéiert, wat hinnen net an de Krom passt. “Si späize se einfach nees eraus”, huet de Leeder vum Hakone-en-Aquarium Hiroki Shimamoto der Noriichtenagence AFP erzielt.

Hie geet dovunner aus, dass déi einfach Makréilen de Pinguinen ze grouss sinn. “Se spieren, dass eppes net stëmmt”, sou de Shimamoto. Nach méi akut ass de Problem den Ament bei den Otteren, déi de méi bëllege Fudderersatz komplett verweigeren.

Mat engem neie Menü fir d’Awunner huet den Aquarium op déi rezent Präishaussë reagéiert. Déi japanesch “Stöcker” sinn am Verglach zu zejoert ëm 20-30 Prozent méi deier ginn. Dës Delikatesse ginn zwar nach ëmmer verfiddert, awer just a klenge Quantitéiten. Eréischt, wa sech d’Präisser berouegt hunn, wäerten d’Pinguinen an Otteren nees hir al Moolzechte kréien. An der Tëschenzäit heescht et also weider streiken oder sech mat normale Makréilen zefridde ginn.

Back to Top
CIM LOGO