
D’Haus, an deem dat klengt Fierkelche fonnt gouf, géing zanter Wochen eidelstoen. Et hat kee sech ëm d’Déier gekëmmert, dat scho ganz ofgemoert war. Eng Schossel Waasser op deem zwee Quadratmeter klenge Balcon wier voller Holzspéin gewiescht.
D’Police aus dem Sinntal huet d’Minischwäin an eng Kartongskëscht gesat a mat Hëllef vun enger Leeder gerett. Et gouf an enger Fleegestatioun ofginn, wou et elo nees opgepäppelt gëtt.
Géint déi fréier Awunner gouf e Verfaren wéinst Verdacht op de Verstouss vum Déiereschutzgesetz an d’Weeër geleet