DäitschlandPolice rett jonkt Réi aus engem Kanal

RTL Lëtzebuerg
Zu Lübeck konnt d'Police en Donneschdeg engem jonke Réi hëllefen. D'Déier war an engem Kanal hänkebliwwen a konnt sech net méi aus eegener Kraaft befreien.
© AFP/Archiv/Christof STACHE

De Kanaldeckel war aus onbekannter Ursaach net richteg drop, esou datt d’Rei sech séier an eng mësslech Lag bruecht huet.

Wéi d’Police vu Lübeck matdeelt ass eng Polizistin behäerzt an de Kanal geklommen an huet dat jonkt Déierche befreit. Wou et nees op fräiem Fouss war, ass d’Réi direkt an d’Heck gesprongen an huet sech dervu gemaach.

“Och ouni ee Merci vum klenge Réi hu sech d’Beamte vu Grömitz iwwert déi gutt Verfassung gefreet an doriwwer, datt si dem Déier hëllefe konnten”, huet et vun der Police geheescht. De Kanaldeckel gouf no der Aktioun nees fest drop gemaach, fir weider Accidenter ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO