
Hei war nämlech e klengt Kallef eleng op der Autobunn ënnerwee. D’Beamten hunn d’Déier aus senger geféierlech Situatioun gerett an et um Récksëtz vun hirem Policewon transportéiert. Mat engem Ofschleefseel hunn d’Polizisten d’Déier agefaangen.
Dëst war “ganz zoutraulech”, wéi d’Police geschriwwen huet. Nodeem et agefaange gouf, huet et sech op der Réckbänk gemittlech gemaach. Well een net direkt ermëttele konnt, wiem d’Déier gehéiert, koum et bei en Ziichter an der Géigend, wou et versuergt gouf, heescht et weider.
