BremerhavenPolice rett Robbe-Bëbee "Fussel" aus Fëscher-Hafen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien hate Passanten e Séihond, deen eréischt e puer Deeg hat, am Fëscher-Hafe vu Bremerhaven entdeckt.
© Polizei Bremerhaven

Vun der Mamm huet allerdéngs all Spuer gefeelt. D’Leit haten doropshi d’Police alarméiert, an dat knapp 9,3 Kilo schwéiert Déier konnt kuerz drop mat Hëllef vum zoustännege Jeeër agefaange ginn.

Wéi et vun der Bremer Police heescht, wäert de Séihond mat de “groussen donkle Guckelcher” elo an enger Fleegestatioun fir Robben opgezu ginn, bis e grouss genuch ass, fir erëm an d’Mier entlooss ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO