Och Affer vum KrichPolneschen Zoo hëlt fënnef Léiwe bei sech op

RTL Lëtzebuerg
Am westpolnesche Posen hu fënnef Léiwen, dorënner dräi Jongdéieren, Schutz virum Krich an der Ukrain kritt.
© AFP

“Si sinn en Dënschdeg ukomm” a wieren, ënner Berouegungsmëttel gesat, a Käfeger transportéiert ginn, sou de Remigiusz Kozinski vum stätteschen Zoo zu Posen. “De Léiwe geet et gutt [...] Si sinn déi onerwaart Affer vun dësem Krich ginn”, sou d’Natalia Gozak vum Wëlldéiereschutz IFAW.

D’Léiwin, déi dräi Joer al Asya, wier héich schwanger aus enger privater Ziichterei an engem “Hannerhaff” an der Regioun Donezk gerett ginn. D’Bedreiwer si geflücht an hunn d’Déiere sech selwer iwwerlooss. Am Oktober huet d’Léiwin hir Kleng Teddi, Emi a Santa op d’Welt bruecht.

Zesumme mat engem männleche Léiw, dem Viseris, aus der selwechter Privatzuucht konnten déi fënnef Raubkazen duerch d’IFAW an aner Déiereschutzorganisatiounen aus Polen an der Ukrain evakuéiert ginn a sollen elo mol e puer Wochen zu Posen bleiwen, ier se un aner Länner verdeelt ginn.

Den Zoo zu Posen huet scho ronn 200 Déieren aus der Ukrain opgeholl, ënner anerem Léiwen, Tigeren, Bieren a Wëllef.

Back to Top
CIM LOGO