Un der däitsch-polnescher GrenzPompjeeë rette Wollef, deen an e Schacht gefall war

RTL Lëtzebuerg
An Ostsachsen hat e Foussgänger, respektiv säin Hond, e Freideg de Moien e Wollef zu Deschka un der polnescher Grenz entdeckt, dee festsouz.
© Police Sachsen

Den Hond hat d’Déier an engem Schacht vun zwee an engem hallwe Meter erschnoffelt a gouf nawell ferm ugegrommelt. De Wollef war wuel do dra gefall a koum vun eleng net méi eraus.

De Mann huet d’Police geruff, déi hirersäits d’Pompjeeë souwéi Experte vum ostsächsesche Wollefsbüro Lupus alarméiert hunn. D’Déier gouf entschlof a gouf aus dem Gulli gezunn. No engem kuerzen Check koum de Wollef, deen net blesséiert geschéngt huet, bei en Déierendokter.

A Sachsen goufen zulescht 31 Wollefsruddele souwéi Wollefskoppele gezielt.

© Police Sachsen

Back to Top
CIM LOGO