CIS MamerPompjeeën hëllefe Päerd aus mësslecher Situatioun

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch gouf et fir d'Pompjeeë vu Mamer emol eng Kéier kee Feier ze läschen.

Amplaz vum Läschschlauch missten d’Secouriste mat der Säbelsee untrieden.

De Grond: Ee Päerd war wuel beim Transport op der Autobunn e bësse panikéiert an ass an der Remorque iwwer d’Oftrennung gesprongen.

D’Déier war esou ageklemmt, datt et misst fräigeschnidde ginn. D’Päerd ass bei der Aktioun net zu schued komm an huet no der Rettungsaktioun souguer nach de Mutt gehat, sech mat de Secouriste vum CGDIS fir eng Gruppefoto fotographéieren ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO