IndienPopulatioun vun den Tigere klëmmt nees op iwwer 3.000

RTL Lëtzebuerg
Fir d'éischte Kéier zanter ronn 15 Joer liewen an Indien nees méi ewéi 3.000 Tigeren an der fräier Natur.
© AFP/Archiv/STR

Wéi aus enger offizieller Statistik, déi e Sonndeg publizéiert gouf, ervirgeet, goufen a ganz Indien 3.167 Tigeren a Fräiheet gezielt. Dat sinn der 200 méi ewéi bei der leschter Zielung am Joer 2019. Nach virun e puer Joerzéngten war d’Zuel vun den Tigeren am Land allerdéngs däitlech méi héich.

Indien ass dat Land an deem weltwäit déi meeschten Tigere liewen. Wéi den indesche Premier Modi e Sonndeg bei engem Evenement am Süde vum Land sot, géife 75 Prozent vun den Tigeren op der Welt an Indie liewen. D’Statistik, déi rezent publizéiert gouf, wier en houfrege Moment fir Indien an en Erfolleg fir déi ganz Welt.

Back to Top
CIM LOGO