BhutanPopulatioun vun Tiger a fräier Natur geet erop

RTL Lëtzebuerg
Enger rezenter Zielung vun den Tiger, déi am Bhutan liewen, no ginn et aktuell 131 där Wëllkazen am Land. Dat si 27 Prozent méi wéi nach 2015.
© AFP (Archiv)

Fir déi grouss Kazen ze zielen, goufen honnerte vu Kamerafalen opgeriicht, esou de bhutaneschen Ausseminister Tandi Dorji. Der Déiereschutzorganisatioun WWF no wier dëst eng Entwécklung, déi engem Courage mécht. E Grond fir d’Hausse wier, datt d’Politik méi streng Strofe géint Leit, déi d’Tiger ëmbréngen, decidéiert huet, ma och géif et an den eenzele Gemengen, déi ëmmer nees mat den Déieren ze dinn hunn, richteg Schutzprogrammer fir d’Tigeren an hiren natierleche Liewensraum ginn.

Back to Top
CIM LOGO