Berüümten Abriecher gepëtztProblem-Bier "Hank the Tank" krut en neit Doheem

RTL Lëtzebuerg
Eigentlech hat de Bier just no Fudder fir sech a seng Klenger gesicht. Ma well hien dobäi de Mënschen ëmmer nees "ze no" koum, sollt en ageschléifert ginn.

Den “Hank the Tank” - de wuel bekanntste Schwaarzbier an den USA - krut en neit Doheem. Dat 200 Kilogramm schwéiert Déier, dat op der Sich no Fudder am leschte Joer a méi wéi 20 Haiser beim Lake Tahoe agebrach ass, gouf e Méindeg an e Wëldpark am US-Bundesstaat Colorado bruecht.

D’Plënneraktioun vum “Konfliktdéier” bleift awer d’Ausnam, wéi d’kalifornesch Autoritéit fir Fëscherei a Wëld (CDFW) e Méindeg erkläert. Den “Hank de Panzer” hat Ufank 2022 Honnerten Noutriff ausgeléist, nodeems hien ëmmer nees Frigoen a Spënnercher eidel geraumt hat.

Wéi d’Autoritéit fir Fëscherei a Wëld annoncéiert hat, d’Déier aschléiferen ze wëllen, goufe Protester dogéint organiséiert. Déiereschützer an Organisatioune wéi d’Biere-Liga hunn en Zréckbrénge vum Schwaarzbier an d’Wildnis gefuerdert. Eng DNA-Analys huet iwwerdeem dann och erginn, datt de presuméierte männleche Bier awer weiblech ass. Deementspriechend huet de Gouverneur vu Colorado, den Jared Polis, mat Bléck op d’Opnam vum Bier getwittert: “Mir freeën eis op ‘d’Henrietta the Tank’.”

Déi dräi Kleng vum “Problem-Bier”, déi an de leschte Woche mat hirer Mamm um Tour waren, bleiwen a Kalifornien. “Mir probéieren, hinnen dat negatiivt Verhalensmuster ofzegewinnen, fir si auswëlderen ze kënnen”, mellt d’Autoritéit fir Fëscherei a Wëld.

Back to Top
CIM LOGO