
D’Päerd aus dem Berliner Déierepark ginn an der kasachescher Stepp ugesidelt. Zwee Tëschestoppen hunn d’Päerd mussen a Kaf huelen, ier d’Maschinn an der Géigend vun der Stad Arkalyk gelant ass, confirméiert den däitschen Zoo.
D’Miere goufe geziilt fir d’Auswëlderung erausgesicht, heescht et weider. “Nëmme wëll Päerd mat der idealer Genetik, enger optimaler kierperlecher Fitness a perfekter Gesondheet si gëeegent fir d’Neesusidelen”, huet den zoologesche Chef Christian Kern erkläert. Si mussen no enger Iwwergangszäit an engem extraen Zenter den haarde Wanter an der Altyn-Dala-Stepp iwwerstoen.
Et sinn net déi éischt Przewalski-Päerd, déi am Neesusidlungszenter ukomm sinn. D’Berliner Miere ginn do mat 3 Päerd aus dem Prager Zoo zu enger Häerd vereent. Am Ganze sollen am Kader vun dësem internationale Projet an ënner der Leedung vum Prager Zoo an den nächste 5 Joer 40 Déieren an der kasachescher Stepp ugesidelt ginn.
D’Przewalski-Päerd gëllen als lescht wëll Päerd op der Äerd. Am Ufank vum 20. Joerhonnert goufe si a fräier Natur ausgerott, nëmme ganz wéineg Déieren hunn iwwerlieft, ënner mënschlecher Protektioun.
Kasachstan ass no China an der Mongolei dat drëtt Land, an deem Przewalski-Päerd nees ugesidelt ginn. Eng Häerd mat ronn zwee Dose Przewalski-Päerd lieft och a Brandenburg am Naturreservat Döberitzer Heide, an d’Liewe geruff vun der Sielmann-Stiftung. Vun do aus gouf et och schonn Auswëlderungsaktiounen an d’Mongolei.