
Dir wëllt entspaant am Alter liewen?
An der Seniorresidenz Petite Suisse zu Beefort ass dat méiglech.
Loosst Iech an engem vun den 48 Appartementer vun 62m2 mat Balcon,Kitchenette, Stuff, Schlofkummer a Buedzëmmer verwinnen.
D’Wunnenge ginn eidel zur Verfügung gestallt an Dir hutt d’Méiglechkeet Äre Liewensraum no Ärem Goût an Ärer Perséinlechkeet anzeriichten.
D’Senioreresidenz Petite Suisse bitt och e Begleetservice fir all Reesen un, hiert qualifizéiert Personal begleet Iech bei Ären alldeeglechen Aktivitéite wéi Dokterrendez-vous, Administrativ Weeër oder kleng Reparaturen.
Selbststänneg wunnen an awer net eleng sinn, méi Info op päiperléck.lu.