
D’Agence du Bénévolat setzt sech fir d’Sensibiliséierung vum Benevolat an eiser Gesellschaft an. Eng wichteg Hëllef dobäi ass d’Plattform benevolat.lu.
Do kënnen sech Veräiner an aner Acteure mellen, déi Benevolle sichen. Gläichzäiteg kënnen sech och Leit aschreiwen, déi sech engagéiere wëllen an e Benevolat sichen. D’Plattform ass en Tool deen de klassesche Wee Benevollen ze sichen ergänzt.
Si bréngt och Leit zesummen, déi net an der selwechter Géigend wunnen, mee gemeinsam Interessen oder Kompetenzen deelen an sech iwwer d’Plattform beim passende Veräi mellen.
Méi Informatioune fënnt een op benevolat.lu