
D’Crèche ABC op der Weiergewan zu Conter mécht hir Dieren op!
Dat ganzt Joer iwwer sinn är Kanner vu Méindes bis Freides vu 5 Auer moies bis 11 Auer owes a Samschdes vu moies 7 bis owes 8 a beschten Hänn.
Op enger roueger, naturnoer Plaz kënnen är Kanner sech fräi entfalen, wäit ewech vum Trubbel aus enger Stad.
D’Crèche bitt eng schéi Spillplaz, e klenge Gaart a vill Aktivitéiten am Fräien.
An der Crèche ABC kann d’Kand entdecken, erfannen,d’Welt erfuerschen a grouss ginn.
Kommt an entdeckt dës Plaz wou är Kanner sech wuel fillen.
Méi Info op creche-abc.lu