Begleedungs- a Berodungsdéngscht D'Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer steet un Ärer Säit

IPL - sponsored content
D‘ALA begleet de Mënsch mat Demenz a säin Ëmfeld.
© Association Alzheimer Luxembourg

Eng Demenzdiagnos verännert d’Liewen – fir de betraffene Mënsch, mee och fir seng Famill a säin Ëmfeld. Vill Froen, Onsécherheeten an nei Erausfuerderunge kënnen do opkommen.

Mee et ass een net eleng.

De Begleedungs- a Berodungsdéngscht vun der Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer steet engem zur Säit – mat kompetenter Berodung, individueller Ënnerstëtzung a konkrete Léisungen, ugepasst un d‘Situatioun.

D‘ALA begleet de Mënsch mat Demenz a säin Ëmfeld, fir datt een esou laang wéi méiglech aktiv bleift an d'Liewen no senge Besoinen a Wënsch ka gestalten.

Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer.

Fir e méi selbstbestëmmt Liewen trotz Demenz.

Méi Informatioune fënnt een op alzheimer.lu

EgR: ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE ALZHEIMER 06.07. - 11.07.2026

Back to Top
CIM LOGO