Wäischmaache geet och am NordenD'Clïarrwer Geschäftsleit invitéieren op hier Wäistrooss!

IPL
Nieft dem Schmaachen geet et hei och em sympatesch Gesellegkeet.

D’Miseler kommen an d’Eisleck!“ heescht op der Cliärrwer Wäistrooss. An déi ass den 10. an 11. Mee 2025 vu mëttes 1 bis owes 7 Auer zu Cliärref, organiséiert vum Cliärrwer Geschäftsverband.
7 Jonk Privatwënzer komme mat hire Wäiner op d‘Cliärrwer Wäistrooss: Et kritt ee Wäiner ze schmaache vun Häremillen, Paul’s, Molling Wines, Domaine 64, Sunnen Hoffmann, Winery Jeff Konsbrück, Benoît a Claude Kox. Natierlech ass och fir lokalt a regionalt Iessen a Gedrénks gesuergt. Fir d’musikalesch Stëmmung, si sonndes HT Unplugged um Start.
Op d’Plaz kënnt een natierlech mam ëffentlechen Transport, wéi och mam Vëlo an Auto.

EgR: 05.05. - 10.05.2025

shoppingclearvaux.lu

Back to Top
CIM LOGO