Mëttelalter fir unzepaken dëse WeekendDe 5. a 6. Juli ass Mëttelalterfest zu Rëmeleng

IPL
Organiséiert gëtt d'Fest vu Consilium B, déi selwer voll am Mëttelalterthema dra sinn.

E Gudde Rot mam Mëttelalterfest vu Consilium B

Reest an d’Zäit zeréck mat der mëttelalterlecher Lagergrupp vu Rëmeleng:

Entdeckt vill Händler, mëttelalterlech Kläng vun Musica Canora, eng spektakulär Feiershow, an Animatioun fir Grouss a Kleng mam Gaukler Timelino.

Oder relaxt ganz einfach am Zuber oder an der Shishabar.

Gitt laanscht, dëse Samschde, 5. Juli vu moies 11 bis owes 11 an e Sonndeg vun 11 bis 6 owes, zu Rëmeleng am Park ënnert dem Fussballsterrain.

Den Entrée ass 8€ a just 6€ wann dir gewandet kommt oder Student sidd. A fir Kanner ënnert der Schwäertmooss ass den Entrée suguer fräi. Profitéiert och vun de gratis Navetten um Parking Kihn.

Méi op consilium-b.com

consilium-b.com

Back to Top
CIM LOGO