Dir wëllt spéider am Medieberäich schaffen ?De BTS Media Writing am LCD

IPL
Mellt Iech elo un !

Fir Jonker déi hir Première gepackt hunn a wëllen zu Lëtzebuerg an de Medie schaffe gëtt et de BTS Mediawriting am Lycée classique vun Dikrech. Hei gëtt een net nëmme geleiert fir Radio, Presse an Internet an eise 4 Sproochen ze kommunizéiere ma och Interviewtechniken ze beherrschen, kreativ oder informativ ze schreiwen, virun an hannert de Kamera ze schaffen.

De BTS bitt eng praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi duerch d‘Zesummenaarbecht mat verschiddene Betriber direkt op d’Beruffswelt virbereet mat Stagen, engem top equipéierte Gebai, a motivéierte Proffen vum Terrain aus der Lëtzebuerger Mediewelt.

D’Aschreiwunge sinn op bis Ufank September an et sinn nach Plaze fräi. Méi Info op lcd.lu an och op Facebook.

Broschür BTS Media Writing

Back to Top
CIM LOGO