Esch-Uelzecht am RhythmusDe FlamencoFestival Esch ass zeréck

IPL - sponsored content
Nach bis de 24. Mee gëtt Esch-Uelzecht zur Bün fir international Flamenco-Kënschtler, staark Emotiounen an der spuenescher Kultur.
© Kulturfabrik

De FlamencoFestival Esch kënnt zeréck – an dëst Joer schonn a senger 19. Editioun an dat bis de 24. Mee. Fir bal dräi Woche gëtt Esch-Uelzecht zur Bün fir Flamenco, Passioun a staark Emotiounen.
Ob Danzen, Live-Musek oder Concerten: de Festival bréngt déi ganz Pallette vun der spuenescher Kultur op d’Bün an invitéiert Iech op eng kulturell Rees voller Passioun.
Op verschiddenste Plaze wéi der Kulturfabrik, dem Escher Theater, der Cinemathéik oder dem Conservatoire begéint Dir Kënschtler vun der internationaler Flamenco-Zeen – mat der Gittar, Gesang a Danz, déi direkt an d’Häerz ginn.
E Must fir all déi, déi Loscht hunn op eng besonnesch kulturell Rees, egal ob grouss oder kleng.

E gudde Rot mat der Kulturfabrik: 04.05. - 09.05.2026

Back to Top
CIM LOGO