
Dat gréisst Motorsport-Evenement vum Joer ass zréck !
Biergcours zu Eschduerf zielt zu de spektakuläerste Course vun dëser Aart an Europa a bitt Zuschauerplaze mat perfekter Vue op d'Streck.
E Bléck an de „Parc Fermé“ mat de Rennmaschinnen däerf natierlech net feelen. Op der ronn 2 Kilometer laanger Streck erreechen d‘Pilote Vitessen vu bis zu 235 km/h.
Iwwer 130 Autoen trieden un, nieft der lëtzebuerger an der däitscher Biergmeeschterschaft kämpfen d'Piloten och ëm den Däitsche Gruppe H BergCup, an dat belscht Championnat.
Den Hillrace zu Eschduerf – E Muss fir all Motorsport-Fan!
Dëse Samschdeg a Sonndeg. Tickets op hillrace.lu.