
Am renovéierten Hotel & Restaurant Brimer um Grondhaff entdeckt Dir den neie Restaurant "Marie", benannt no de Proprietäre Marie-Thérèse an Henri, déi zanter 50 Joer de Hotel féieren a de wonnerschéine Blummendekor gestalten. Eng kreativ Kiche mat lokale Produiten invitéiert Iech zum Genéissen.
Op der flotter Terrass un der Sauer, direkt beim Agank vum Geopark Mëllerdall, kënnt Dir entspanen oder d’Regioun beim Vëlofueren a Wanderen entdecken.
Fir Entspanung suergen eng Schwämm, Massagen an e Sauna-Beräich. Fir speziell Geleeënheete steet Iech e privatiséierte Sall zur Verfügung, esou wéi moderne Meeting- a Coworking Raim fir Teamdeeg a Business Offsites.
Fir weider Informatiounen, besicht hotel-brimer.lu.