
Déi onofhängege Wënzer “Nouvelle Aquitaine” sinn nees an d’Luxexpo The Box! Dës Woch vun e Mëttwoch 24. op e Sonndeg 28. Januar.
Dir hutt also 5 Deeg fir d’Wäiner vun de passionéierte Wënzer ze entdecken, erkläert ze kréien, an déi neist Millésimmen a Cuvéën ze schmaachen. Wéi ëmmer, kaaft Dir hei direkt vun de Produzenten, an et ginn och produits du terroir a Gastronomie op der Plaz.
Kommt dës Woch an d’Luxexpo fir epuer Genossmomenter mat Wäiner vu Bordeaux an der Ëmgéigent, um Salon des Vignerons Indépendants.
E Mëttwoch 24. bis e Sonndeg 28. Januar an de Luxexpo. Infoen an Ticketen op thebox.lu
Méi op thebox.lu an op vigneron-independant-aquitaine.com.
