
Am Kader vum Welt-Alzheimerdag invitéiert d’ala, dëse Samschdeg 25. September op hiren 20. Memory Walk.
Lass geet et um 11 Auer op der Place de l’Europe um Kierchbierg. Do kritt dir Informatiounen iwwer Alzheimer, déi verschidden aner Forme vun Demenz an d’Servicer vun der ala.
Weist är Solidaritéit mat de betraffene Leit a maacht mat beim Memory Walk, e flotten Trëppeltour, deen dëst Joer bei de Fort Thüngen och bekannt als Dräi Eechele féiert.
Um hallwer Dräi geet et musikalesch viru mat engem Concert vum Serge Tonnar.
De Memory Walk vun der ala: dëse Samschdeg op der Place de l’Europe um Kierchbierg.
Umelle kënnt dir iech gratis op www.alzheimer.lu.