Dir gitt net ganz eens op MyGuichet? Digital Inclusion Asbl bitt hëllef mam Computer

IPL
3 verschidde gratis Computercoursen ginn ugebueden!

Digital Inclusion Asbl offréiert gratis Computercoursen op Lëtzebuergesch an anere Sproochen - D’Zil ass et méi autonom als Bierger an der digitaler Welt ze ginn.

D’Coursë ginn et op 3 verschidden Niveauen- Ufänger léiere fir d’éischt den Ëmgang mat Emailen.

An den anere Coursë léiert Dir dann ënnert anerem den Ëmgang mat MyGuichet, a ville weideren digitale Servicer, déi Iech den Alldag zu Lëtzebuerg vereinfachen!

A wann Dir Leit kennt déi sech kee Computer leeschte kënnen – da schéckt se och laanscht! All eis Servicer si gratis, dank dem Finanzement vun dem Familljeministère.

Digital Inclusion Asbl fannt Dir direkt nieft der Stater Gare an op

digital-inclusion.lu

EgR: DIGITAL INCLUSION A.S.B.L. 09.10. - 14.10.2023 *NEW*


Digital Inclusion Asbl Site

Back to Top
CIM LOGO