D'Kulturhaus Niedderaanwen presentéiert Fête de la Musique zu Nidderaanwen

IPL
Eng Programmatioun fir Jiddereen

Och dëst Joer feiert d’Kulturhaus Nideraanwen zesumme mat lokale Veräiner d´Fête de la Musique. Dëse Samschdeg fannen am Park zu Nidderaanwen gratis Concerten a musikalesch Animatiounen fir Jiddereen statt.

Mat dobäi sinn d´Schüler aus der Museksschoul Niederanven, den Duo Viņš un Viņa, d´Potty Lotty mat enger musikalischer Erzielung fir Kanner, de Sven Sauber & Band an den Duo Claudine Muno & Thierry Kinsch.

Donieft ginn et eng interaktiv Klanginstallatioun an e Museksatelier mam Sarah Grün fir Kanner ab 2 Joer.

Fête de la Musique zu Nidderanven, den 18. Juni am Park

Weider Infoen an de Programm ënnerhttps://www.khn.lu/fr/Agenda/Fete-de-la-Musique-709www.khn.lu.

Back to Top
CIM LOGO