
Kennt Dir schonn den neie Kleeder- a Schongbuttek Germaine Collard, deen dëst Joer seng Dieren op der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech opgemaach huet? Mat néng Butteker an der Belsch ass Germaine Collard zënter dësem Joer och fir d’éischt zu Lëtzebuerg vertrueden.
Op ronn 1.400 Quadratmeter fannt Dir eng grouss Auswiel u Schong, Kleedung an Accessoirë fir Dammen an Hären, grad ewéi Kaddosiddien an Dekoratiounsartikele fir Äert Doheem.
Mat méi wéi 250 renomméierte Marken ass d’Auswiel grouss: dorënner Ralph Lauren, Lacoste, BOSS, New Balance, Birkenstock a Veja.
Entdeckt déi nei Kollektioun a profitéiert vun der perséinlecher Berodung vun der Ekipp vu Germaine Collard.
Germaine Collard op der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech. Méi Informatiounen op nordstrooss.lu