Méi wéi nëmmen akafen...Iechternach invitéiert op seng Summerbraderie

IPL - sponsored content
An der historescher Stad treffe Shopping, Genoss a gutt Stëmmung openeen.
© Iechternacher Geschäftsverband

Dëse Weekend dréint sech alles ëm déi grouss Summerbraderie zu Iechternach!

Schonn e Freidegowend geet et mat Musek an de Stroosse richteg lass. An e Samschdeg a Sonndeg geet et mat gudder Stëmmung direkt weider:

Loosst Iech an der Geschäftsstrooss an de ville Butteker beroden a profitéiert vu ville flotte Braderie-Offeren. An der Foussgängerzon an op der historescher Maartplaz waarden zousätzlech nach vill Stroossestänn, Animatiounen a Live-Musek op Iech. A wann d‘Akafstuten dann esou lues méi schwéier ginn, kann een sech gemittlech op enger Terrass erhuelen an d'Ambiance vun der Braderie genéissen.

Den Iechternacher Geschäftsverband freet sech drop, Iech dëse Weekend ze begréissen!

E gudde Rot mat der U.C. Iechternach Méindeg 17/08 - Freideg 22/08/2026

Back to Top
CIM LOGO