
D‘Elephante sinn ënnerwee. An den Akafsstroossen queesch duerch d‘Land. Maacht den Tour vun den 13 Gemengen déi matmachen an entdeckt déi grouss Diversitéit vun eisem lokalen Handel a loosst Iech an engem flotte Bistro oder Restaurant verwinnen.
A wann Dir engem Elephant begéint, maacht eng Foto, post se ob de soziale Netzwierker mam Hashtag elephantparadeluxembourg a wannt all Dag e Bong vun 100 Euro fir op Letzshop.lu anzekafen.
Mä domat net genuch : Dir kënnt souguer selwer een Elefant entwerfen a mat e bësse Chance eng elefantastesch Reess gewannen. Detailer fannt dir ob elephantparade.lu
Eng Aktioun vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand