Een touristescht Fest fir Grouss a Kleng zu RandscheltKommt den 28. Juni op de Weekend vum Wëlle Westen

IPL - sponsored content
Di ganz Animatioun ass gratis!
© Syndicat Intercommunal Kanton Réiden

Entdeckt och dëst Joer erëm wat de ‚Wëlle Westen‘ alles touristesch ze bidden huet, um grousse Fest fir Grouss a Kleng vum Syndicat Intercommunal “Kanton Réiden”. Dëse Sonnden, den 28. Juni am Musée "Thillenvogtei" zu Randschelt. Vu Moies 10 bis Owes 18:00 Auer erwaart iech gratis Animatioun fir är ganz Famill. Dorënner Visitte vum Musée, Live Concerte wéi z.B. vu "Les Gavroches" a "Powerblech", Intefëschen, Facepainting, e Schiferworkshop, eng traditionell Schoulstonn, Wäffelcher baken, Bastelateliere, flott Iess- a Gedrénksstänn, a villes méi. Entdeckt deen Dag och de neie Gîte zu Randschelt: dat neit Vakanzenhaus am aale Paschtouechhaus!

De ganze Programm fannt dir op visitwellewesten.lu, oder op der Facebook Säit vum Visit Wëlle Westen.

E gudde Rot mam Syndicat Intercommunal Kanton Réiden 22.06. - 27.06.2026

www.visitwellewesten.lu
www.facebook.com/visitwellewesten

Back to Top
CIM LOGO