
Easycooking.lu, dat ass dem Paul Eischen sain Online Traiteurs Geschäft.
Hei gitt dir elo och verféiert, fir selwer ze kachen, mat sengem neie Konzept « Lët’z Wok ». Mat iwwer 20 neien originellen Rezepter, wou schonn alles am Viraus preparéiert ass, verwandelt den Paul Eischen jiddereen an e richtege Kichechef.
Doheem zesummen selwer kachen, gouf eis nach ni esou einfach gemaach wéi mat easycooking.lu. An engem kuerze Video kritt dir gewisen wéi et geet - an da « Lët’z Wok »! Et kritt een den elektreschen Wok och online ze kafen oder ze lounen wann een e puer Kreatiounen matenee kacht.
Easycooking.lu, dem Paul Eischen säi Rezept fir gesond ze bleiwen