Fannt déi richteg Schoul de 24.01.2026Mat de Lycéeën aus der Nordstad op hirer Schoulfoire an der Däichhal

IPL - sponsored content
Schwätzt mat deene verschiddene Schoulen iwwert de Programm an de Passage vum Fondamental an de Secondaire
© Nordstad Lycéeën

E gudde Rot mat de Lycéeën aus der Nordstad : 19.01.- 24.01.2026

Wéi geet et no der Primärschoul weider? Awer virun allem: An wéi engem Lycée geet et weider? Fir Elteren a Schüler am Cycle 4, heibäi weiderhëllefen ze kënnen, organiséieren d’Lycéeën aus der Nordstad och dëst Schouljoer erëm hir Schoulfoire.
E Samschdeg, den 24. Januar stinn Iech hei vun 9 bis hallwer 1 an der Däichhal zu Ettelbréck 5 verschidde Lycéeë Ried an Äntwert:
Hei presentéieren sech de Lycée Classique de Diekirch, de Nordstad-Lycée, de Lycée technique d’Ettelbruck, de Lycée technique agricole an d’Ecole Privée Sainte-Anne an hëllefen Iech déi gëeegent Schoul ze fannen déi den individuelle Besoine vun Ärem Kand gerecht gëtt.

Flyer_Schoulfoire_A5_2026.pdf

Back to Top
CIM LOGO