
Mateneen.lu ass déi éischt Familljen Entreprise hei am Land déi zënter 2016 eng individuell 24 Stonne Seniorenhëllef ubitt.
Mateneen.lu erméiglecht de Senioren hire Wonsch kënnen doheem ze bleiwen a garantéiert eng individuell Betreiung mat diverse Sproochméiglechkeeten.
D’Betreierinne suerge fir d‘Senioren am Alldag fir eng Erliichterung am Haushalt, eng gesond Ernärung, d‘Sécherheet fir d‘Famill an e soziale Kontakt.
Nieft enger garantéiert a professioneller Betreiung mat Erfarung gehéieren och d’Flexibilitéit an eng transparent méisproocheg Kommunikatioun zu de Stäerkte vu Mateneen.lu.
D’Liewensqualitéit am héijen Alter an engem vertrauten a familiären Ëmfeld ass also och méiglech dank Mateneen.lu