Dir wëllt spéider an der Kommunikatioun oder an de Medie schaffen?Mellt Iech un am BTS Media Writing am LCD

IPL
D'Aschreiwunge laafe bis Ufank September.

Fir Jonker déi hir Première gepackt hunn a wëllen zu Lëtzebuerg an de Medie schaffe gëtt et de BTS Mediawriting am Lycée classique vun Dikrech. Hei gëtt een net nëmme geleiert fir Radio, Presse an Internet an eise 4 Sproochen ze kommunizéiere ma och Interviewtechniken ze beherrschen, kreativ oder informativ ze schreiwen, a virun an hannert de Kamera ze schaffen.

De BTS bitt eng praxisorientéiert 2-Jores-Héichschoulausbildung, déi duerch d‘Zesummenaarbecht mat verschiddene Betriber direkt op d’Beruffswelt virbereet mat Stagen, engem top equipéierte Gebai, a motivéierte Proffen vum Terrain aus der Lëtzebuerger Mediewelt.

D’Aschreiwungen sin op bis Ufank September an et sin nach Plazen frai. Mei Info op lcd.lu an och op Facebook.

EgR: 02.05.-07.05 & 09.05.-14.05.2022

© Xavier Salomon & Ruben Waldhüter

lcd.lu
Facebook

Back to Top
CIM LOGO