
D’Gemeng Esch-Uelzecht invitéiert Iech vun Dënschdes bis Samschdes an de Pop-Up Esch !
Um 121, Uelzechtstrooss kënnt dir ab dem 2. Oktober verschidde Geschäftskonzepter an Iddien entdecken.
Vum shoppen, bis hin zu Servicer, Iessen an Expoen oder Eventer ass alles derbäi! Kommt laanscht luussen a loosst Iech vun neien Iddien iwwerraschen an iwwerzeegen!
Weider Infoen zum Pop-Up Esch fannt dir op pop-up.esch.lu.