
Mir sinn elo matzen an der Äerdbierssaison, a wien Äerdbier seet, dee seet Muller-Lemmer zu Conter.
Si bauen Äerdbier un an Dir kënnt et direkt bei hinnen um Haff kafen, an dat vu Mee bis Oktober.
Nieft frëschem Äerdbier kritt Dir am Buttek um Haff zu Conter awer och Äerdbiersgebeess, Äerdbierslikör, Äerdbiersdrëpp, Äerdbierschampes an Äerdbierbalsamico.
Wann Dir es selwer wëllt plécke goen, dann ass och dat kee Problem. D'Selwerplécken ass all Samschdeg am Juni méiglech. Déi genee Zäiten an d'Adress vum Äerdbiersstéck fënnt een op hire soziale Medien.
Genéisst déi gutt Conter Äerdbieren vum Haff Muller-Lemmer.